CAL-Spora Lëtzebuerg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Liichtathleetiksclub. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Spora (Homonymie). |
D'CAL-Spora Lëtzebuerg (kuerz: CSL) ass e lëtzebuergesche Liichtathleetikclub aus der Stad Lëtzebuerg, deen de 7. November 2000 gegrënnt ginn ass[1]. En ass aus der Fusioun vun den zwéi fréiere Stater Clibb, dem Cercle d'Athlétisme Luxembourg (CAL) an der Liichtathleetiksektioun vum Spora Club Lëtzebuerg (Spora), ervirgaangen.[2]
CAL-Spora Luxembourg | |
---|---|
Ofkierzung | CSL |
Grënnungsdatum | 07.11.2000 |
Sëtz |
2, Rue du Stade L-2547 Lëtzebuerg |
President | Xavier Thillen |
Generalsekretär | Guy Lassine |
TresorierTresorière | Francis Rausch |
Member vu(n) | Fédération luxembourgeoise d'athlétisme |
Websäit | www.cslath.lu |
Den CSL ass eng Association sans but lucratif an trainéiert am Stade Josy Barthel.
Numm | vun | bis |
---|---|---|
Alfons Schmid | 2000 | 2004 |
Yves Elsen | 2005 | 2008 |
Emile Hermes | 2009 | 2013 |
Xavier Thillen | 2014 |
Referenzen
änneren- ↑ ageschriwwen am Handelsregëster ënner: F1906 – CAL-SPORA LUXEMBOURG (CSL)
- ↑ cslath.lu: Presentatioun vum Club (gekuckt den 28. Dezember 2013)
- ↑ (fr)Historique du Conseil d'administration. Site de cslath !. Gekuckt de(n) 28.06.2024.