Côte picarde (Course)
D'Côte picarde ass eng franséisch Vëloscourse, déi 1986 gregrënnt gouf. Vun 2007 bis 2015, war et eng Kompetitioun vun der UCI Coupe des Nations U23.
Allgemeng Informatiounen | |
---|---|
Grënnungsdatum | 1986 |
Schlussdatum | 2015 |
Organisateur(en) | Vélo-club Côte Picarde |
Typ / Format | Course vun 1. Dag |
Palmarès | |
Éischte Gewënner | Dan Frost |
Leschte Gewënner | Simone Consonni |
D'Course gëtt gewéinlech Mëtt Abrëll an der Picardie gefuer. Den Depart ass zu Nouvion an d'Arrivée zu Mers-les-Bains an der Somme. Déi éischt Editioun gouf vum Dän Dan Frost gewonnen. Se gëtt vum Vélo-club Côte Picarde ënner der Leedung vum Jean-Bernard Devos oganiséiert.
Vun 2000 u bis 2007 gouf Course nëmme fir Vëlossportler ënner 23 Joer organiséiert a war duerno bis 2015 eng Kompetitioun vun der Coupe des Nations espoirs. Vun 1996 bis 1999 war et eng Kompetitioun vun der Coupe de France. D'Edition 2016 gouf wéinst finanzielle Problemer annuléiert[1] a gouf duerno net méi organiséiert.
Referenzen
änneren- ↑ La Côte Picarde annulée sur directvelo.com