Cäcilia (Zäitschrëft)


Cäcilia, Organ für katholische Kirchenmusik unter Mitwirkung auswärtiger Musiker war eng Zäitschrëft, déi tëscht 1862 an 1871 eemol am Mount zu Lëtzebuerg erauskoum. Editeur war den Heinrich Oberhoffer, Drécker de Victor Buck.[1]

Cäcilia
Éischt Ausgab 1862
Lescht Ausgab 1871
Editiounshaus Victor Buck

Cäcilia huet Artikelen zu den Theeme Gregorianesche Gesank, Uergelbau, Klackegéisserei, Musekunterrecht, Kierchemusek, asw. publizéiert, déi vum Oberhoffer selwer waren (hie war Organist an der Kathedral), oder awer vun anere Spezialisten aus dem Ausland.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Bibliographesch Notitz op a-z.lu, engem Site vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.