Burgas (op Bulgaresch: Бургас) ass déi véiertgréisst Stad a Bulgarien. Si läit am Oste vum Land um Schwaarze Mier an ass en Industrie-, Transport-, Kultur- an Tourismuszentrum.

Burgas
D'Haaptakafsstrooss zu Burgas
Land Bulgarien
Vewaltungseenheet Oblast Burgas
Awunner 210.136
  15. Mäerz 2024; 15. Mäerz 2024
Fläch 154
Héicht 30
Koordinaten 42° 29’ 23’’ N
      27° 28’ 18’’ O
Telefonszon 56
Postcode 8000–8002
LAU-Code BG07079
Websäit http://www.burgas.bg

Den Hafe vu Burgas ass dee gréissten a Bulgarien an de Fluchhafen transportéiert no deem zu Sofia déi meescht Passagéier. Burgas ass och den Zentrum vun der Fëscherei an der Fëschveraarbechtungsindustrie.

Wéinst senger geographescher Lag mat e puer Séien, déi ënner Naturschutz stinn, dem Schwaarze Mier an anticken a mëttelalterleche Siidlungen ass Burgas donieft och eng touristesch iwwerregional bekannt Stad. Och d'Festivaler zéie vill Visiteuren aus dem Balkan an aus der ganzer Welt un.

Biller änneren

Commons: Burgas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren