Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Bukolik, vum Griicheschen bukolikos = wat sech op Hierde bezitt, ass e literaresche Genre, an deem eng idyllesch Landschaft beschriwwe gëtt, déi vu friddlechen an dacks verléiften Hierde bewunnt ass.

De grousse Virleefer vun der Bukolik ass den Theokrit.

D'Schéiferdichtung vum Barock fënnt hir Wuerzelen am Vergil senge Bucolica.

Aus der griichescher Antiquitéit staamt de bukolesche Roman, vun deem nëmmen dem Longos seng Hierdegeschicht Daphnis a Chloe erhalen ass.