De Buergpalast (ungar.: Budavári palota) vu Budapest ass dat gréisst Gebai an Ungarn a läit am Buergvéirel, dat zu de Weltierwe vun der UNESCO gehéiert.

De Buergpalast zu Budapest

Ënner dem Kinnek Béla IV. ass um Fielsplateau vum Budaer Buergbierg déi éischt kinneklech Residenz am Joer 1235 bis 1270 gebaut ginn.

Ënner der Anjou Dynastie ass am 14. /15. Joerhonnert e gotesche Buergpalast entstanen, vun dem een haut nach Iwwerreschter gesäit.

Wärend der Herrschaft vum Matthias Corvinus gouf dës Buerg, am Stil vun der Renaissance zu engem kulturellen Zentrum vu Mëtteleuropa.

Ënner der osmanescher Herrschaft vun 1541 bis 1686 goufen d'Befestegungsanlagen ausgebaut, déi am Joer 1578 duerch eng Explosioun zerstéiert goufen.

Eréischt am Joer 1740 bis 1780 ass erëm e Palast opgericht ginn.

Am Onofhängegkeetskrich vun 1848/49 si grouss Deeler vun der Buerg duerch Flamen zerstéiert ginn.

Ënner der Leedung vum Architekt Miklós Ybl an dem Alajos Hauszmann gouf de Buergpalast am neobarocke Stil ausgebaut. 1944/45 ass en erëm komplett ausgebrannt. D'Renovéierungsaarbechten hu bis an d'achtzeger Jore gedauert.

Haut sinn de Budapester Historesche Musée, d'Széchenyl-Nationalbibliothéik, déi Ungaresch Nationalgalerie an de Musée Ludwig am Gebai ënnerbruecht.

Um Spaweck änneren

Commons: Buergpalast – Biller, Videoen oder Audiodateien