D'Buerg (vum) Valère (Château de Valère), och Basilika (vum) Valère (Basilique de Valère) genannt, ass eng réimesch-kathoulesch befestegt Kierch zu Sion am Schwäizer Kanton Wallis.

Buerg vum Valère
d'Basiika vum Valère virum Haut de Cry
Land Schwäiz
Gemeng Sitten
Koordinaten 46°14'2"N, 7°21'52"O
Datum vum Bau 10. Joerhonnert (julianesch)
Genannt no Valeriana

Se läit op engem Hiwwel, vis-à-vis vum Château de Tourbillon, dat op engem aneren Hiwwel steet. Wéinst der räicher Flora a Fauna ronderëm den Hiwwel, mat ville raren Aarten, gouf et 1977 als eng national Schwäizer Ierfschaft klasséiert.

D'Kierchegebai selwer steet op der 615 m héijer Spëtzt vum Hiwwel, ronderëm sinn e puer Gebaier an d'Befestegungsmauer.

Déi eelst Deeler am romanesche Stil sinn aus der éischter Hallschecht vum 12. Joerhonnert; am 13. Joerhonert goufen ë. a. 2 Säiteschëffer am gotesche Stil bäigebaut. Déi lescht méi grouss Ännerunge sinn aus dem 17. Joerhonnert.

1987 krut et vum Poopst Jean-Paul II. de Status vun enger Basilica minor.

D'Origine vum Numm, deen op e Fraennumm (haut: Valérie) zeréckgeet, ass net eendeiteg beluecht. Et ass méiglech, datt e sech op d'Valeriana, d'Mamm vum réimesche Konsul Titus Campanius Priscus Maximianus bezitt, déi nom Doud vun hirem Jong zu Sion e Monument fir hien opriichte gelooss huet.

D'Uergel an der Basilika geet an d'1430er Joren zeréck an ass domat eng vun den eelsten Uergelen iwwerhaapt, déi nach fonctionéieren.

Um Spaweck

änneren
Commons: Buerg vum Valère – Biller, Videoen oder Audiodateien