D'Buerg Doosber, op Däitsch Burg Dasburg oder Burg Daysberg, ass eng Buergruin an der Südäifel bei der Uertsgemeng Doosber un der Our am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz.

Bild 1. Wiertuerm vun der Doosber Buerg (2007)

Geographie änneren

D'Buergruin läit op engem mat Bësch bedeckten Hiwwel um südleche Rand vun der Uertschaft Doosber am Däitsch-Lëtzebuergeschen Naturpark mat Bléck an den Ourdall.

Beschreiwung vun der Anlag änneren

 
Bild 2. D'Anlag am Wanter 2006.

Follgend Bestanddeeler vun der mëttelalterlecher Buerganlag si bis haut erhale bliwwen: d'Fundamenter vun de banneschte Wiermauer, Deeler vun der baussenzeger Wiermauer mat zwéin Halleftierm, Reschter vun der Agankspaart an d'Nordsäit vum 20 m héije Wiertuerm, deen den Zentrum vun der warscheinlech staufescher Kärbuerg war. Dobäi kënnt nach e Gank laanscht d'Rankmauer, deen op der nërdlecher Schmuelsäit ursprénglech eng Bréck hat an duerch eng Paart an e puer Halleftierm ënnerbrach war.[1]

Geschicht änneren

 
Bild 3. Doosber op der Ferrariskaart, 1777.
 
Bild 4. Vue op d'Buerg

De Standuert gouf warscheinlech ëm d'Joer 850 als Wieranlag ageriicht an huet de Prümer Mönchen als Fluchtbuerg gedéngt. Am 14. Joerhonnert gëtt d'Buerg eng éischt Kéier ernimmt als „Daysberhc castrum“. Si huet der Abtei Prüm gehéiert a war e Lehnsgutt un déi Veianer Grofen, déi als Géigeleeschtung d'Abtei geschützt hunn. Duerch dës Situatioun waren ëmmer nees bedeitend Adelshaiser mat Doosber verbonnen: Veianen, Von Sponheim, Nassau an Oranien. Nach haut dréit déi hollännesch Kinnigin den Zousaz „Freifrau von Dasburg” an hirem Titel.

1414 koum d'Buerg an de Besëtz vun de Grofe vun Nassau, vu 1580 bis 1604 war si am Besëtz vum Kinnek Wëllem vu Spuenien, am 17. bis 18. Joerhonnert an nassauesch-oranesche Besëtz.

Am Joer 1625 zielt den deemolege Paschtouer Jakob Pott 35 Haiser zu Doosber. Déi Doosber Herrschaft hat deemools eng wichteg strateegesch Aufgab fir de Schutz vun der Grofebuerg Veianen: d'Sécherung vun de Verbindungsstroossen aus Westen.

D'Herrschaft huet follgend Meiereien ëmfaasst: Doosber, Doleden an zäitweis Binscheid an Harspelt. Si hat och hiert eegent Geriicht mat "Schultheissen" a Schëffen.

1794 gouf d'Regioun vun de franséische Revolutiounstruppe besat, 4 Joer drop koum et zum Klëppelkrich, mat virop war den deemolegen Doosber Schlassjeeër Karl Bormann.[2]

De Generol Oudinot, deen d'Doosber Buerg fir seng militäresch Verdéngschter vum Napolon geschenkt krut, huet d'Anlag 1813 duerch den deemolegen Nottär Dupont versteeë gelooss.

1945 geet d'Buergruin an de Besëtz vum Land Rheinland-Pfalz iwwer an ënnersteet zanter 1965 der staatlecher Schlässerverwaltung.

Illustratiounen änneren

Literatur änneren

  • Atten, Alain, 1998. Die Trommeln von Dasburg. Luxemburger Marienkalender Jg. 117: 88-95.
  • Haan, Jean, 1971. Die Dasburg, eine Zweigstelle des Viandener Grafenhauses. Die Warte Année 24, n° 30: 4. Luxembourg.
  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute: ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder]. 271 p. Luxembourg: RTL Édition. [S. 37]
  • Milmeister, Jean, 2003. Zur Geschichte der Herrschaft Dasburg. Ous der Veiner Geschicht Nr. 21: 67-73. Veinen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Buerg Doosber – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Cf. de Grondrëss vun der Anlag op der däitscher Wikipedia.
  2. Cf. Atten 1998 an der Literatur.