Buby Reinsch

däitsche Gittarist

De Buby Reinsch, gebuer 1910 zu Beckum a Westfalen, mam richtegen Numm Adolf Blumenfeld, a gestuerwen 1981 zu Zürich, war en däitschen Jazzgittarist, deen tëscht 1935 an 1960 zu Lëtzebuerg gelieft a gewierkt huet.[1]

Buby Reinsch
Gebuer 1910
Beckum
Gestuerwen 1981
Aktivitéit Jazzmuseker, Gittarist

Säi Gebuertsnumm Blumenfeld huet hien uganks der 1930er Jore géint den däitschen Nonumm Reinsch vu senger Mamm ausgetosch, fir weiderhin Engagementer am nationalsozialisteschen Däitschland ze kréien. 1935 ass hie virun der Gestapo op Lëtzebuerg geflücht, wou hie séier Engagementer fonnt huet. An der Zäit vum Zweete Weltkrich hat hie Spillverbuet an huet an enger Lampertsbierger Schräinerei geschafft.

Vum September 1944 un huet hien an alle bekannten Etablissementer uechter d'Land gespillt an huet seng eege Band gegrënnt mam Numm Buby Reinsch and his Reincheros. Mat der ëmmer méi grousser Konkurrenz vu Kino, Fernsee an dem opkommende Rock'n Roll huet hie sech an d'Schwäiz zeréckgezunn, wou hie bis Mëtt der 1970er Joren an der bekannter Kindli Band als Gittarist a Banjospiller aktiv war.

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Spautz, Roger: Luxemburgs Pioniere der leichten Muse RTL Edition, Luxembourg 1983.