Brondoit oder och Brondoit Herstal ass eng fréier belsch Motoriederfabréck.

Eng Brondoit Herstal vun 1928 mat engem 500 cc MAG-Motorblock

D'S.A. Brondoit vun Herstal huet vun 1924 - 1929 funktionéiert a si huet dem Paul le Bussy gehéiert. Brondoit huet 250 an 350 cc Zweetaktere gebaut a vun 1928 och eng 500 Kubikmaschinn mat engem MAG-Block.

Wéi de le Bussy 1929 verongléckt ass huet dat och d'Enn vun der Firma bedeit.