Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Breinigerberg ass ee vun de 17 Staddeeler vu Stolberg am nordrhein-westfälesche Krees Oochen, mat 971 Awunner (Stand 31. Dezember 2005). De Staddeel heescht am Volleksmond Balkan.

Bléck vum Schlangenberg op Breinigerberg

D'L 12 verbënnt d'Uertschaft mat Breinig dat am Weste läit, a mat der Kräizung Nachtigällchen am Osten .

Am Oste vu Breinigerberg läit de Stolberger Stadbësch, an d'Naturschutzgebitt Schlangenberg, mat der fréierer Minière Breinigerberg. Nërdlech vu Breinigerberg leien aner Naturschutzgebidder.

D'Uertschaft huet zwéi Sportsterrainen, déi vum lokale Sportsveräin "FC Breinigerberg" benotzt ginn. Am Gebai vun der fréierer Haaptschoul, déi 1988 zougemaach gouf, ass de Jugendclub Remember ënnerbruecht. Et gëtt do och e Karnevals-, e Schëtzen- an en Hunneveräin, déi all Joer d'Hunnekiirmes an e Schéissfest organiséieren.

Um Spaweck änneren

Säit: www.breinigerberg.de

Commons: Breinigerberg – Biller, Videoen oder Audiodateien