D'Breg ass e vun den zwéin Haaptquellflëss vun der Donau. Et ass och dee längsten.

Zesummefloss vun der Breg (lénks) an der Brigach (riets)

D'Breg entspréngt am Schwarzwald op enger Héicht vun 1.078 Meter, ronn 6 Kilometer nordwestlech vu Furtwangen. Hir Quell, och Donauquell genannt, ass en Naturmonument. No engem Laf vun 49 Kilometer leeft se zu Donaueschingen mat der Brigach zesummen. Aus deem Zesummelaf entsteet d'Donau.

De Waasserbaseng vun der Breg huet eng Fläch vun 291,2 km², an hir Quell ass ronn 100 Meter vum Europäesche Wasserscheed ewech, deen tëscht de Basenge vun der Donau a vum Rhäin ass.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Breg (Danube) – Biller, Videoen oder Audiodateien