Bréck vu Comblain-la-Tour

D'Bréck vu Comblain-la-Tour ass eng Bréck an der belscher Provënz Léck iwwer d'Ourthe.

Si verbënnt d'Uertschaft Comblain-la-Tour um rietsen Uwänner mat der Nationalstrooss N654 déi vun Hamoir bis op Pont de Sçay geet.

Et ass eng stenge Boubréck mat Pierre bleue gebaut. Si huet dräi Béi mat zwéi Flosspilieren an huet eng Längt vu 60 Meter.

D'Strooss déi iwwer d'Bréck féiert mécht no Süden d'Verbindung mat Xhoris.

Bréck vu Comblain-la-Tour