Bréck vu Bëttel
D'Bréck vu Bëttel ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Our am Kanton Veianen. Si verbënnt déi lëtzebuergesch Uertschaft Bëttel mat der däitscher Uertschaft Ruet op der Our. Op der Bréck begéine sech déi lëtzebuergesch N10F an déi däitsch L6.
Geographie | |
---|---|
Land |
Lëtzebuerg Däitschland |
Plaz |
Bëttel Ruet op der Our |
Flosskilometer | 8,630 |
Koordinaten | 49° 55’ 17.1’’ N° 06’ 13’’ 28.3 |
Chronologie | |
Baujoer | 1874 |
Zerstéiert | 1944 |
Rekonstruktioun | 1955 |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck |
Fuerspueren | 2 |
Uschloss un |
N 10 L 6 |
Féiert iwwer | Our |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp |
Dunnebréck Vollplack iwwer 2 Felder |
Totallängt | 42,00 m |
Längt tëscht Widderlager | 27,24 m |
Felder/Béi | 2 |
Feldbreet(en) | 2 × 13,62 m |
Breet | 9,00 m |
Héicht | 5,70 m |
Material | Arméierte Bëtong |
Bemierkungen | |
Bauhär |
Lëtzebuerg Rheinland-Pfalz |
Renovéiert | 1997 |
Déi haiteg Bréck ass aus dem Joer 1955, a si ersetzt d'Bréck vun 1874 déi vun der Wehrmacht bei hirem Réckzuch den 12. September 1944 gesprengt gouf.
D'Bréck huet mat de Widderlageren eng Längt vun 42 m, a si besteet aus zwee Felder vun 13,62 m op d'Achs vum Flosspilier gemooss. Den Tablier besteet aus enger Plack aus arméiertem Bëtong an en ass néng Meter breet.
Kuckt och änneren
Literatur änneren
- Weber, Heinrich Theodor, 1997. - Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel. ISBN 3-930008-61-0
Um Spaweck änneren
Commons: Bréck vu Bëttel – Biller, Videoen oder Audiodateien |