Bouzonville

franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle

Bouzonville ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an der Regioun Grand Est am Departement Moselle, eng 20 km westlech vum däitsche Saarlouis.

Bouzonville
D'Kierch vum Hellege Kräiz vu Bouzonville

D'Kierch vum Hellege Kräiz vu Bouzonville
D'Kierch vum Hellege Kräiz vu Bouzonville
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Forbach-Boulay-Moselle
Kanton Bouzonville
Koordinaten 49° 17’ 33’’ N
      06° 32’ 06’’ O
Bevëlkerung  4.220 (1999)

Den Uert läit um Uwänner vun der Nied am sougenannte Pays de Nied, der Landschaft vum ënneschten Nieddall.

Geschicht änneren

Am Joer 1030 huet de Grof Adalbert vum Elsass e Benediktinerklouschter zu Bouzonville gegrënnt an do d'Reliquie vun enger Spläiter vum Hellege Kräiz ënnerbruecht. De Poopst Leon IX. ass doropshi Bouzonville am éischte Joer vu sengem Pontifikat (1049) besiche komm. 1340 gouf d'Kierch vum Hellege Kräiz an engem vun de sëllege klenge Feudalkricher zerstéiert, mä nach virum Enn vum 14. Joerhonnert war se nees nei opgebaut. D'Reliquie vum Hellege Kräiz ass manner gutt dovukomm, well och wa se d'Zerstéierung vun der Klouschterkierch iwwerlieft hat, sou ass se dach no der Opléisung vum Klouschter an der Franséischer Revolutioun verbrannt ginn. Déi al Klouschterkierch gouf ënner dem Empire als einfach Parkierch renovéiert.

An der méi rezenter Geschicht ass ze soen, datt d'Gemeng Brettnach 1974 mat Bouzonville fusionéiert hat, obwuel déi zwou Gemengen iwwerhaapt net unenee gegrenzt hunn. Et huet dann och net laang gedauert a Brettnach huet sech schonn 1982 nees vun där Unioun geléist.

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Bouzonville – Biller, Videoen oder Audiodateien