Bournak

Beiekuerf dee fréier an de Landes gebraucht gouf

E Bournak ass e Beiekuerf dee fréier an de Landes gebraucht gouf. Bournake goufen aus dënne Käschtereiser getrëtzt, an da mat Kéidreck zougeschmiert. Gewéinlech goufe se ënner engem klenge Stréidaach opgestallt, fir datt se net sollten opweechen.

Bournaken am landwirtschafleche Musée zu Ginx