Bouquins ass eng Kollektioun vu franséischsproochege Bicher, déi 1979 vum Guy Schoeller gegrënnt gouf. No dem Doud vum Schoeller am Oktober 2001 krut den Daniel Rondeau d'Responsabilitéit vun der Kollektioun, déi vun Ufank un an den Éditions Robert Laffont publizéiert gëtt.

D'Presentatioun vun de Bouquins ass einfach gehalen. D'Bicher hunn en ausgesprache mëllen Aband, d'Bléck si gelumbeckt an de Pabeier ass Bibelpabeier. Op déi Manéier hunn d'Bicher am Duerchschnëtt ëm 1300 Säiten a kaschte manner wéi 30 €.

Um Spaweck änneren