Bouncer
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E sougenannte Bouncer, och Softbox oder Diffuseur, ass an der Blëtzfotografie en dréif-duerchsiichtegen Opsaz fir e Fotoblëtzapparat, deen en diffuust Ausliichten erlaabt.
De Bouncer gëtt op de Blëtzkapp gesat a mécht et méiglech, den Objet an alle Situatioune méi duuss ze beliichten, ouni Schiet schaarf ze zeechnen.
Fir geleeëntlech Fotoen, baue sech Bastler ënner de Fotoamateure mat Hëllef vu Lastiken, Scotch a Pabeier oder Aluminiumsfolien eng Zort Reflekter, deen un de Blëtzkapp ugemaach gëtt.