Boosselen ass eng Sportaart, déi gréisstendeels an den norddäitsche Küsteregioune gespillt gëtt. Dee Sport ass awer op der ganzer Welt ze fannen, wéi an Holland, Irland oder Italien.

Boosselbullen

D'Boosselklatzen (Klooten) ware fréier aus festem Holz. Hautdesdaags sinn awer ëmmer méi Klooten am Gebrauch, déi aus sytheteschem Material sinn.

Am klassesche Boosselen trieden zwou Ekippe géinteneen un. D'Concourse ginn op der Strooss gespillt. All Spiller geheit fir d'éischt do, wou dee virege Spiller mat sengem Worf gelant war.

D'Originne vum Boossele leien an Ostfriesland, Ammerland, zu Oldenbuerg an am Emsland, wou et Brauch ass, datt nom Boosselen op e Kabesiessen invitéiert gëtt.

Um Spaweck

änneren
Commons: Boosselen – Biller, Videoen oder Audiodateien