D'Bloderkraut oder Wëlle Knuewelek[1], (Alliaria petiolata), ass e Kraut aus der Gattung Alliaria an der Famill vun de Brassicaceae.

Bloderkraut
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Uerdnung Brassicales
Famill Brassicaceae
Gattung Alliaria
Aart Bloderkraut
Wëssenschaftlechen Numm
Alliaria petiolata
(M.Bieb.) Cavara & Grande

Et ass eng an Europa wäit verbreet eejäreg Planz. Zerriwwe Blieder richen no Knuewelek, doduerch de Gattungsnumm Alliaria, dee vun Allium ofgeleet ass. D'Planz fënnt een am Fréijoer ënner Hecken oder laanscht Bëschweeër.

D'Blieder si bis virun der Bléi iessbar. Reng gehaakt Blieder sinn eng Delikatess op enger Botterschmier.

Am beschte schmaachen déi jonk Blieder
En Trapp Bloderkraut an der Bléi

Kuckt och änneren

Notten änneren

  1. Den Numm Wëlle Knuewelek bezeechent am Lëtzebuergeschen zwou verschidde Planzen: den Heckeknuewelek an d'Bloderkraut.