D'Blaue Wunder ass am Volleksmond den Numm vun der Loschwitzer Bréck zu Dresden. Si huet bis 1912 König-Albert-Brücke geheescht.

D'Raddampschëff "Dresden" ënner der Bréck

D'Bréck ass eng Stroossebréck, geet iwwer d'Elbe a verbënnt d'Quartiere Blasewitz a Loschwitz. Si gouf 1893 fäerdeg a war eng vun den éischte stole Brécke mat enger grousser Spanwäit déi kee Pilier am Floss hat. Dofir gouf se och als Wonner betruecht.

Geschichtlesches änneren

Bréck gouf tëscht 1891 an 1893 vum Claus Koepcke an H. M. Krüger als versteift 3-gelenkeg Hänkbréck, wéi de Claus Koepcke seng Bréck genannt huet, gebaut. A Wierklechkeet ass et eng Ausleeërfachwierkbréck.

Si gouf 1935 ëmgebaut fir d'Fuerbunn ze verbreeden an dobäi goufen d'Foussgängerweeër baussent déi al Bréckegelännere versat.

Daten änneren

  • Spanwäit: 280 m
  • Gewiicht: 3500 t
  • Feldwäiten: 61.76 m -146.68 m - 61.76 m
  • Baukäschten: 2,25 Mio Goldmark
  • Ustrach: 57.000 Mark
  • Geographesch Koordinaten: 51° 03' 13" N / 13° 48' 39" O

D'stolen Deeler goufen an der Königin-Marien-Hütte zu Cainsdorf bei Zwickau produzéiert.

Fir d'Benotze vun der Bréck huet misste bis 1923 eng Maut bezuelt ginn:

  • 2 Fenneg fir Foussgänger, Benotzer vum Tram, a Vëloen a Motorieder.
  • 10 Fenneg fir Gespaaner
  • 20 Fenneg fir motoriséiert Gefierer.

1945 hunn e puer couragéiert Bierger d'Wehrmacht dru gehënnert fir d'Bréck ze sprengen. Dodrun erënnert eng Plack um Foussgängerwee op der rietser Säit vun der Bréck wann e vun der Schillerplaz op d'Bréck kënnt.

Zanter 1968 ass d'Bréck nach just fir Gefierer mat manner wéi 15 Tonne Gesamtgewiicht op.

 
"Blaues Wunder"

Literatur änneren

  • Geißler, K. Das Blaue Wunder - Entwicklung neuer Methoden in der Tragwerksbeurteilung, in "Der Stahlbau", Oktober 2006, n. 10 v. 75.
  • Geißler, K. Die Elbebrücke Blaues Wunder in Dresden - Tragwerk und Maßnahmen zur weiteren sicheren Nutzung, in "Der Stahlbau", März 2004, n. 3 v. 73.
  • Gelhaar, A. Instandsetzung von Korrosionsschäden an der Elbebrücke Loschwitz - Blasewitz "Blaues Wunder", in "Der Stahlbau", Mai 2006, n. 5 v. 75.
  • Graf, Bernhard Bridges that Changed the World, Prestel, München (Deutschland), ISBN 3-7913-2701-1, 2002; S. 80-81.
  • Graf, Bernhard Brücken, die die Welt verbinden, Prestel, München (Deutschland), ISBN 3-7913-2700-3, 2002; S. 80-81.
  • Hoff, Robert Meisterbauwerke der Ingenieurbaukunst, Bundesanzeiger Verlag, Köln, ISBN 3-88784-886-1, 1998; S. 191-200.
  • Stiglat, Klaus Brücken am Weg, Ernst & Sohn, Berlin, ISBN 3-433-01299-7, 1997; S. 97-101.
  • Klaus Beuchler: Entscheidung im Morgengrauen, Kinderbuchverl., Berlin, 1969
  • Volker Helas: Das Blaue Wunder. Die Geschichte der Elbbrücke zwischen Loschwitz und Blasewitz in Dresden, Fliegenkopf-Verl., Halle, 1995, ISBN 3-930195-07-0
  • Michael Wüstefeld: Blaues Wunder. Dresden wunderlichste Brücke, Be-bra-Verl., Berlin, 2002, ISBN 3-930863-81-2

Um Spaweck änneren

Commons: Blaues Wunder – Biller, Videoen oder Audiodateien