Birendra
De Birendra Bir Bikram Shah Dev (ne: वीरेन्द्र वीर विक्रम शाह), gebuer den 28. Dezember 1945 zu Kathmandu an och do den 1. Juni 2001 gestuerwen, war vun 1972 bis zu sengem Doud als Nofollger vu sengem Papp Mahendra Kinnek vun Nepal.
Birendra | |
---|---|
Gebuer |
28. Dezember 1945 Katmandu |
Gestuerwen |
1. Juni 2001 Katmandu |
Nationalitéit | Nepal |
Educatioun |
Harvard Universitéit, Eton College |
Aktivitéit | Monarch |
Famill | |
Kanner | Dipendra |
Hie gouf 2001, wéi och eng Rëtsch aner Membere vu senger Famill, ermuert. Als Mäerder gëllt säi Jong an Nofollger um Troun, den Dipendra, wat awer vu ville Leit am Nepal ugezweiwelt gëtt. Den Dipendra ass 3 Deeg nom Attentat selwer un de Suitë vu Blessueren duerch Schëss, déi e sech selwer gemaach soll hunn, gestuerwen. Doropshi gouf deem säi Brudder Gyanendra säin Nofollger als Kinnek vun Nepal.
Um Spaweck
änneren- König Birendra: Vom Alleinherrscher zum Repräsentanten, Noruff vum 2. Juni 2001 op spiegel.de
- Birendra: Nepal's monarch of change, Noruff vum 2. Juni 2001 op .bbc.co.uk