Bill Withers
US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer
De Bill Withers, gebuer de 4. Juli 1938 als William Harrison Withers, Jr. zu Slabfork, a West Virginia, a gestuerwen den 30. Mäerz 2020 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer. Hien hat 1971 säin internationalen Duerchbroch mam Lidd Ain't No Sunshine, dat en och komponéiert hat.
Bill Withers | |
---|---|
Gebuertsnumm | William Harrison Withers, Jr. |
Gebuer | 4. Juli 1938 |
Gestuerwen |
30. Mäerz 2020 Los Angeles |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sänger, Liddermécher, Komponist, Gittarist |
Aner bekannt Titele vun him sinn Lean On Me, Use Me, Lovely Day an Just the Two of Us, dat en 1981 mam Grover Washington, Jr. opgeholl hat.
Hie krut dräimol ee Grammy Award, 1972 fir Ain't No Sunshine, 1982 fir Just the Two of Us an 1988 fir Lean on Me.
Um Spaweck
änneren- Offiziell Websäit (englesch)
- Arno Frank: "19 Sekunden für die Ewigkeit", Noruff op spiegel.de, 3. Abrëll 2020