Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Bildstabiliséierung ass an der Fototechnik eng Method fir Verwackelungsonschärften ze vermeiden.

Funktiounsprinzipien änneren

Et gëtt dräi Methode fir d'Bildstabiliséierung ënnerscheet, déi jeeweils ënner proprietäre Bezeechnunge vun der Fotosindustrie ugebuede ginn.

Optesch Bildstabiliséierung änneren

De Mechanissem vun der Bildstabiliséierung kann entweeder am Objektiv oder beim Bildsensor ënnerbruecht sinn. Bildstabiliséierungsobjektiver gi vu Canon, Leica, Nikon, Tamron, Sigma a Panasonic ugebueden, eng sensorbaséiert Bildstabiliséierung bidden ënner anerem Pentax, Sony a Fujifilm. Bei der optescher Bildstabiliséierung gëtt entweeder de Bildkrees iwwer dem Bildsensor (bei der Realiséierung am Objektiv) oder de Bildsensor ënner dem Bildkrees (bei der Realiséierung am Gehais) verréckelt.

Mechanesch Bildstabiliséierung änneren

Déi mechanesch Bildstabiliséierung kann duerch d'Stëtze vum Fotoapparat, ee Stativ oder och iwwer e Gyro-Stabilisator duerchgeféiert ginn.

Elektronesch Bildstabiliséierung iwwer Beliichtungszäitupassung änneren

Déi elektronesch Bildstabiliséierung gëtt haaptsächlech a Videokameraen agesat. Mais och an de Fotoapparate fënnt een Ëmsetzungen, déi meeschtens op dem Noschäerfe vun de Biller oder op enger automatescher Empfindlechkeetserhéichung vum Sensor baséieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Bildstabiliséierung – Biller, Videoen oder Audiodateien