De biergerlechen Doud ass e Begrëff aus ale Rechtssystemer. Eng Persoun war biergerlech dout wa se hir zivil Rechter verluer hat. Dat konnt a Verbindung mat enger Geriichtsstrof stoen oder och a verschiddene Staaten duerch den Antrëtt an e reliéisen Uerden ervirgeruff ginn. Dësen Zoustand konnt nëmmen duerch den Herrscher vum jeeweilege Land duerch e Rehabilitatiounsarrêté geännert ginn. An de meeschten europäesche Länner ass dësen Ausdrock ëm 1850 aus dem Recht verschwonnen.

Zu Lëtzebuerg gouf de biergerlechen Doud duerch den Artikel 18 vun der Constitutioun ofgeschaaft.