Bic (Schreifgeschier)

(Virugeleet vu(n) Bic (Schreifgeschir))
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schreifgeschier allgemeng. Fir aner Bedeitunge vum Wuert "Bic", kuckt wgl. Bic.

E Bic ass e Schreifgeschier, dat eng viskos Tënt, déi séier dréchent, aus enger Patroun iwwer eng Bëmmelchen op Pabeier iwwerdréit.

E Bic, ganz an a seng eenzel Deeler zerluecht.
Spëtzt vun engem Bic mat der Bëmmelchen op där Tëntespuere sinn. Dee wäisse Stréch entsprécht 1 mm.
Spëtzt vum Bic, wéi se iwwer de Pabeir rullt.

De lëtzebuergeschen Ausdrock ass e Begrëffsmonopol, deen op d'Marque BIC zeréckgeet. De Bic geet op Patenter aus dem 19. Joerhonnert zeréck, gouf awer eréischt duerch Masseproduktioun nom 2. Weltkrich allgemeng verbreet.

Wéi funktionéiert e Bic? änneren

Wann ee mat engem Bic iwwer Pabeier sträicht, dréint sech d'Bëmmelchen, hëlt sou Tënt vu bannen aus der Minn op an iwwerdréit se op der anerer Säit op de Pabeier. D'Bëmmelchen ass aus engem extreem haarde keramesche Material (Wolframcarbid, Markennumm Widia), dat net liicht ofnotzt. Déi meescht Bicken hunn e Mechanismus mat enger Fieder, mat deem een d'Minn kann an e Gehais eranhuelen. Domat verhënnert een, datt een ongewollt Tënt op Material iwwerdréit, wou dat net gewollt ass (Kleeder, asw.). Jee no gewënschter Déckt huet d'Bëmmelchen en Duerchmiesser vun 0,7 bis 1,4 Millimeter, bei ganz rengen och alt emol just 0,2 Millimeter.

Geschicht änneren

Scho vum Galileo Galilei gëtt et eng Skizz, op där eng Zort Virleefer vum Bic ze gesinn ass. Éischt Patenter gëtt et am 19. Joerhonnert. De László József Bíró a säi Brudder Georg, hunn zu Budapest d'Grondform vum haiotege Bic entwéckelt an 1938 an Ungarn patentéiere gelooss.

Den Duerchbroch vum Bic koum duerch de brittesche Geschäftsmann Henry George Martin. deen dem Bíró d'Patent ofkaf huet an zesumme mam Frederick Miles 1944 zu Reading déi éischt Fabrick gebaut huet, fir Bicken en masse produzéieren ze loossen. 1945 hat den Amerikaner Milton Reynolds déi selwecht Iddi an huet ënner dem Numm Reynolds' Rocket Bicken an den USA produzéiere gelooss. Deemools ware se nach sou deier wéi eng Fëllfieder. Well e Problemer mat der Qualitéit hat, huet en der Dausende missen zeréckhuelen, a seng Firma goung 1951 faillite.

De Fransous Marcel Bich hat et eraus kritt, wéi ee verhënnere kann, datt d'Bicke sabbelen. Enn vun den 1950er Joren huet hie säi BIC erausbruecht, dee geduecht war, ewech geheit ze ginn, wann en eidel wier, an huet domat dem Bic als Masseprodukt de Wee opgemaach.

Um Spaweck änneren

Commons: Bic (Schreifgeschier) – Biller, Videoen oder Audiodateien