Bibendum
De Bibendum (ausgeschwat: Bibendom), e Männchen aus Pneuen, ass de Logo vun der franséischer Pneuemark Michelin.
Wéi et dozou koum
änneren1894 war d'Weltausstellung zu Lyon a Frankräich. Um Stand vun de Bridder Michelin huet den Édouard e Koup Pneue vu verschiddene Gréisste gemierkt a sot zu sengem Brudder André: "Wann deen Äerm hätt, da géif en engem Mënsch gläichen". Den André huet déi Wierder gutt verhalen, a wéi em e puer Joer drop e Plakat fir eng Brasserie opgefall ass, wou een e korpulente Mann aus Bayern mat engem Humpen a mam Slogan "Nunc est bibendum" ("Lo soll gedronk ginn") gesinn huet, war d'Iddi fir eng nei Publicitéit gebuer.
D'Bridder Michelin hunn 1898 e Plakat ausschaffe gelooss, wou e Personnage aus Pneue sech drugëtt, mat engem Cocktail aus Neel a Schierbelen ze prosten, an der Inskriptioun: "Nunc est bibendum - À Votre Santé, le pneu Michelin boit l'obstacle !".
De Bibendum war fir d'éischt zesummegesat aus 40 Pneuen, duerno aus 26.
Ëmmer méi Leit hu gemengt, de Pneue-Personnage géif Bibendum heeschen. Michelin huet ufanks versicht, sech géint déi Feelinterpretatioun ze wieren, mä huet se schliisslech acceptéiert, wéi dat näischt gedéngt huet, a fir ëmmer méi Leit Bibendum als Numm e Begrëff ginn ass.
Um Spaweck
ännerenCommons: Bibendum – Biller, Videoen oder Audiodateien |