Haaptmenü opmaachen

Gouschtengerbaach

Baach zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Beyrenerbaach)
D'Ieselsbréck iwwer d'Gouschtengerbaach, zu Éinen.

D'Gouschtengerbaach ass eng Baach am Oste zu Lëtzebuerg an de Gemenge Fluessweller a Wuermeldeng.

Et ass eng vun deene Baachen déi op hirem Laf den Numm ännert. Op den éischte 4 900 Meter heescht se Beyrenerbaach, a vu Gouschteng un op de leschte 4.400 Meter huet se den Numm Gouschtengerbaach.

D'BeyrenerbaachÄnneren

D'Beyrenerbaach mam GIS-Code 576 huet hir Quell eng ronn 1800 Meter südlech vu Menster um Fouss vum Krekelsbierg op enger Héicht vun 320 Meter, um Flouer Pudels. Se leeft vun do aus 4,9 km no Osten a Südosten duerch Beyeren bis op Gouschteng, wou se hiren Numm ännert.

D'GouschtengerbaachÄnneren

Vun der Bréck um CR143 zu Gouschteng un heescht d'Baach Gouschtengerbaach an huet de Code 577.

Vu Gouschteng aus leeft se dann eng ronn 3 km no Oste fir um Fouss vum Gabierg no Süden ze dréinen. Da leeft se ganzen Zäit an engem schmuelen Dall, laanscht den CR134 bis op Éinen, fir do op enger Héicht vun 138 Meter an d'Musel ze lafen.

Déi eenzeg nennenswäert Niewebaach ass d'Lennengerbaach déi bei Éinen draleeft.

Kuckt ochÄnneren