Haaptmenü opmaachen

Bewegung fir en Europa vun den Natiounen an de Fräiheeten

Logo Parteizentral
Rue de Téhéran 3
F-75008 Paräis
Flag of France.svg Frankräich[1]
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 3. Oktober 2014[2]
Ausriichtung: europaskeptesch
rietspopulistesch
nationalistesch
Fraktioun: Fraktioun Identitéit an

Demokratie (ID)

Websäit: Facebook

D'Bewegung fir en Europa vun den Natiounen an de Fräiheeten (fr.: Mouvement pour l'Europe des nations et des libertés (MENL); en.: Movement for a Europe of Nations and Freedom (MENF); de.: Bewegung für ein Europa der Nationen und der Freiheit) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau.

Si gëllt als europaskeptesch, souveränistesch an nationalistesch a gouf 2014 op Initiativ vum franséische Front national a senger Presidentin Marine Le Pen gegrënnt. Zënter Mäerz 2015 ass d'Partei vum Europaparlament unerkannt a krut 1,17 Milliounen Euro zur Parteiefinanzéierung zougesprach.[1]

Aner Memberparteie sinn ënner anerem d'Freiheitliche Partei Österreichs, d'italienesch Lega an de belsche Vlaams Belang.


ReferenzenÄnneren