Eng Beweegungsequatioun ass eng mathematesch Equatioun, déi d'Beweegung vun engem Objet beschreift.

Gewéinlech besteet eng Beweegungsequatioun aus der Acceleratioun vum Objet, a Funktioun vu senger Positioun, Vitess, Mass an aus alle Variabelen, déi déi Elementer affektéieren. Déi Equatioun gëtt virun allem an der klassescher Mechanik benotzt, a gëtt ënner der Form vu sphäresche Koordinaten, zylindresche Koordinaten a cartesesche Koordinate representéiert, a se respektéiert Beweegungsgesetzer vum Newton.