D'Bettenger Schlass läit an der rue du Château an der Uertschaft Betteng op der Mess (Gemeng Dippech).

Bettenger Schlass
Typ Buerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Dippech
Koordinaten 49°34'32"N, 5°58'57"O
Vun der Strooss aus gesinn (2013)

Et gouf 1753 vum René Louis de Geisen (1684-1771) baue gelooss, an huet am Laf vun de Joerhonnerten duerno ëmmer nees de Proprietär gewiesselt.[1]

Den 10. Dezember 1982 gouf d'Gebai vum Schlass an d'Entréesportal op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]

De 26. Februar 1986 gouf d'Schlass vum Staat der Association des parents d'enfants mentalement handicapés (APEMH) zur Verfügung gestallt fir do ënner dem Numm "Domaine du Château" landwirtschaftlech an handwierklech Atelieren an e Foyer fir geeschteg behënnert Leit anzeriichten. Virdru war do e Jongenheem.

1991 krut d'APEMH d'Autorisatioun fir d'Schlass ze renovéieren an zanter August 1996 huet se do och hiren Haaptsëtz an e Fortbildungszenter fir geeschteg handicapéiert Leit.[3]

Literatur änneren

  • Helbach, Jos, 2009, Der private Großgrundbesitz in Luxemburg im 19. Jahrhundert - Seine Entwicklung und sein Schicksal; Lëtzebuerg (Eegeverlag; Drock: Imprimerie Centrale), Ss 162-164.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bettenger Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Histoire de la commune", Commune de Dippach.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. Bernhard Peter, "Das Schloß in Bettingen-Mess (Bettange-Mess, Luxembourg)".