D'Bertrada déi Eeler, oder Bertrada vu Prüm. Si ass gebuer ëm 670, a gestuerwen no 721) soll d'Duechter vum (Palzgrof) Hugobert an der Irmina vun Oeren gewiescht ginn. Aneren Hypotheesen no, wier se d'Duechter vum Theuderich III., Kinnek vun Neustrien an Austrasien, an der and Clothild vun Heristal). Den Numm vun hirem Mann ass net geséchert iwwerliwwert, mä si ass d'Mamm vum Heribert vu Laon, mat deem se zesummen, si als Stëfterin, hien als Matstëfter 721 d'Abtei Prüm gegrënnt huet.

Bertrada déi Eeler
Gebuer 670
onbekannt
Gestuerwen 721
onbekannt
Nationalitéit Frankeräich
Aktivitéit Nonn
Famill
Kanner Heribert vu Laon
D'Bertradabuerg zu Mierlebaach, déi warscheinlech no der Bertrada der Eelerer genannt ass.

Hiert Kandskand, dem Heribert seng Duechter Bertrada déi Jonk, war d'Fra vum Pippin dem Kuerzen, dem fränkeschen Hausmeier a spéidere Kinnek, an domat ass d'Bertrada déi Eeler d'Urgroussbomi vum Karel dem Groussen.

Um Spaweck änneren