De Bertil Lindblad, gebuer de 26. November 1895 zu Örebro a gestuerwen de 25. Juni 1965 bei Saltsjöbaden war e schweedeschen Astronom an Entwéckler vun der Dichtwellentheorie.

Bertil Lindblad
Gebuer 26. November 1895
Gestuerwen 25. Juni 1965
Saltsjöbaden
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Astronom
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, International Astronomesch Unioun, National Academy of Sciences, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften

Vun 1927 un war hie Professer an Astronom vun der Kinneklech Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften an Direkter vum Observatoire Stockholm.

De Lindblad huet wichteg Bäiträg bei der Liichtkraaftbestëmmung vu Stäre geliwwert. Hien huet virun allem iwwer d'Rotatioun vun eiser Mëllechstrooss an iwwer den Opbau vun de Galaxië gefuerscht. 1925 huet hien d'Hypothes vun eiser Galaxienrotatioun opgestallt. Dës gouf am Joer 1927 vum Jan Hendrik Oort a senge Mataarbechter bestätegt.

Auszeechnungen änneren

E Krater um Äerdmound ass no him genannt an huet den Numm Lindblad.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren