Bert LeBaron

US-amerikanesche Cascadeur an Televisiounsschauspiller

De Bert LeBaron, gebuer den 10. Dezember 1901 am Bundesstaat Wisconsin als Bert Krieger[1] a gestuerwen den 3. Mäerz 1956 am Los Angeles County am Bundesstaat Kalifornien, war en US-amerikanesche Cascadeur a Filmschauspiller. Hien huet seng Schauspillerkarriär 1931 an d'Stuntkarriär a Filmer 1938 ugefaangen[2].

Bert LeBaron
Gebuer 10. Dezember 1901
Gestuerwen 3. Mäerz 1956
Nationalitéit USA
Aktivitéit Cascadeur

Hie gouf als Member vum Hollywood Stuntmen's Hall of Fame unerkannt[1],[3].

Hie war de Papp vum Auteur Boots LeBaron[4].

Filmographie als Schauspiller (Auswiel) änneren

  • 1942: Rover's Big Chance (Kuerzfilm)
  • 1954: Studio 57 (Tëleesserie, eng Episod)
  • 1955: Captain Midnight (Tëleesserie, eng Episod)
  • 1952-55: The Roy Rogers Show (Tëleesserie, 3 Episoden)
  • 1956: Passport to Danger (Tëleesserie, eng Episod)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Gene Scott Freese. Hollywood Stunt Performers, 1910s-1970s: A Biographical Dictionary, 2d ed. - S. 164 - McFarland, 2014 - ISBN 978-0-7864-7643-5
  2. Fiche op IMDb (en)
  3. https://web.archive.org/web/20200225050531/http://www.stuntmen.org/members.html
  4. http://www.dailybreeze.com/general-news/20150526/my-dear-friend-boots-is-one-of-the-most-interesting-men-in-the-world