Bernd an Hilla Becher

deitsch Kënschtlerkoppel
(Virugeleet vu(n) Bernd Becher)

D'Hilla Becher, mam Meederchersnumm Wobeser, gebuer den 2. September 1934 zu Potsdam a gestuerwen den 10. Oktober 2015 zu Düsseldorf, an de Bernd Becher, gebuer den 20. August 1931 zu Siegen, a gestuerwen den 22. Juni 2007 zu Rostock, hunn als Kënschtlerkoppel geschafft a ware Fotografen, déi international bekannt sinn.

Bernd an Hilla Becher

Si maachen nëmme schwaarz-wäiss Fotoen. Hir Theeme sinn haaptsächlech Industriebauwierker wéi Gasometeren, Killtierm, Héichiewen oder Fachwierkhaiser.

Lëtzebuerg änneren

1983 hunn de Bernd an d'Hilla Becher zu Lëtzebuerg Fotoe gemaach vun der Schëfflenger-, der Diddelenger Schmelz a vun der Escher Terres rouges.

Bicher änneren

  • Fördertürme, vum Bernd an der Hilla Becher, Schirmer/Mosel 1985
  • Bernd und Hilla Becher. Typologien., vum Bernd an der Hilla Becher, Schirmer/Mosel 1990
  • Pennsylvania Coal Mine Tipples,vum Bernd an der Hilla Becher, Schirmer/Mosel 1991
  • Gasbehälter, vum Bernd an der Hilla Becher, Schirmer/Mosel 1993
  • Grundformen, vum Bernd an der Hilla Becher an dem Thierry de Duve (Hrsg.), Schirmer/Mosel 1993
  • Fabrikhallen., vum Bernd an der Hilla Becher, Schirmer/Mosel 1994
  • Wassertürme, vum Bernd an der Hilla Becher, Schirmer/Mosel 1998
  • Bergwerke, vum Bernd an der Hilla Becher, Architekturmuseum Basel 1998
  • Fachwerkhäuser des Siegener Industriegebietes, vum Bernd an der Hilla Becher, Schirmer/Mosel 2000
  • Industrielandschaften, vum Bernd an der Hilla Becher, Schirmer/Mosel 2000
  • Serien Bernd & Hilla Becher, vum Bernd an der Hilla Becher an der Anne Grigoteit, Schmidt/Mainz 2000
  • Hochöfen, vum Bernd an der Hilla Becher, Schirmer/Mosel 2002
  • Typologien industrieller Bauten, vum Bernd an der Hilla Becher et.al., Schirmer/Mosel 2003

Monographie änneren

  • Bernd und Hilla Becher Leben und Werk, vun der Susanne Lange, Schirmer/Mosel 2005