Bernard Tapie

franséische Politiker

De Bernard Tapie, gebuer de 26. Januar 1943 zu Paräis, an och do den 3. Oktober 2021 gestuerwen[1] war e franséische Geschäftsmann Politiker a Schauspiller.

Bernard Tapie
Gebuertsnumm Bernard Roger Tapie
Gebuer 26. Januar 1943
20. Arrondissement
Gestuerwen 3. Oktober 2021
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Filmschauspiller, Sänger, Minister, Entreprener, Schauspiller
Famill
Geschwëster Jean-Claude Tapie
Kanner Laurent Tapie

Hien huet eng Entreprisëgrupp gegrënnt (Groupe Bernard Tapie), a war ë. a. Aktionär a President vum Olympique Marseille (1986–1994) an Adidas (1990–1993). 1994 goung seng Grupp, an der Folleg vum Kollaps vun der Bank Crédit lyonnais dat Joer virdrun, faillite. 2012 huet den Tapie zesumme mam Philippe Hersant fir 50 Milliounen Euro eng Rëtsch südfranséisch Zeitungen iwwerholl, dorënner La Provence, Nice-Matin, Var-Matin a Corse-Matin.

An den 1980er Joren hat hien d'Vëlossportequipe La Vie Claire iwwerholl, an där Coureure wéi Bernard Hinault, Greg LeMond, Steve Bauer, Andrew Hampsten a Jean-François Bernard gefuer sinn.

Als Member vum Mouvement des radicaux de gauche (MRG, "Énergie radicale") war hie vun 1989 bis 1992 a vun 1993 bis 1996 Deputéierten an der Assemblée nationale, war 1992 bis 1993 Minister fir Stadentwécklung a vun 1994 bis 1997 Deputéierten am Europaparlament.

No senger Faillite 1996 war hien als Schauspiller, Museker, Moderator a Schrëftsteller aktiv. Sou huet hien am Claude Lelouch sengem Film Hommes, femmes, mode d'emploi (1996) matgespillt sou wéi an der Televisiounsserie Commissaire Valence. 1998 huet hien am Clip vum Doc Gynéco sengem Lidd C'est beau la vie matgespillt.

Literatur änneren

  • Airy Routier: Le phénix: le retour de Bernard Tapie. Grasset, 2008, ISBN 978-2-246-70339-6.
  • Franz-Olivier Giesbert: Bernard Tapie, Leçons de vie, de mort et d'amour. 2021, les Presses de la Cité, ISBN 978-2-258-19639-1.

Um Spaweck änneren

Commons: Bernard Tapie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Bernard Tapie im Alter von 78 Jahren gestorben." spiegel.de, 2021-10-03.