De Bernard Johan Herman Haitink, CH, gebuer de 4. Mäerz 1929 zu Amsterdam, a gestuerwen den 21. Oktober 2021[1], war en hollänneschen Dirigent.

Bernard Haitink
Gebuertsnumm Bernard Johan Herman Haitink
Gebuer 4. Mäerz 1929
Amsterdam
Gestuerwen 21. Oktober 2021
London
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Dirigent, Museksdirekter, Violonist, Chouerdirigent

Seng Karriär war enk mam Concertgebouw-Orchester verbonnen, vun deem en 1959 "'Eischten Dirigent" gouf, 1961, mam Eugen Jochum zesumme "Chefdirigent" a vun 1964 un eleng.

Vun 1967 bis 1979 war en Eischten Dirigent vum London Philharmonic Orchestra, a vun 1978 bis 1988 hat hien déi musikalesch Leedung vum Operefestival zu Glyndebourne. 1999 gouf en zum Éierendirigent vum Concertgebouw-Orchester ernannt, wou en tëscht 1977 an 1987 d'Chrëschtdagsmass dirigéiert huet.

Hie huet ausserdeem vun 1987 bis 1998 mam Royal Opera House zu London a vun 1995 bis 2004 mam Boston Symphony Orchestra zesummegeschafft. 2002 gouf e Chefdirigent bei der Staatskapelle Dresden an 2006 Eischten Dirigent vum Chicago Symphony Orchestra. Vun 2008 un huet hie mam Chamber Orchestra of Europe fir de Lucerne Festival zesummegeschafft, a reegelméisseg Course fir jonk Dirigente ginn.

De 6. September 2019 huet hie mat engem Concert vun de Wiener Philharmoniker, am Kader vum Lucerne Festival, sengem Publikum Äddi gesot.

Am Februar 2019 ass hien eng lescht Kéier zu Lëtzebuerg opgestrueden, an zwar mam Chamber Orchestra of Europe an der Philharmonie .[2]

Literatur änneren

  • Peter Hagmann, Erich Singer: Bernard Haitink „Dirigieren ist ein Rätsel“: Gespräche und Essays. Bärenreiter, Henschel, Kassel, Leipzig 2019, ISBN 978-3-89487-951-8.

Um Spaweck änneren

Commons: Bernard Haitink – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Dirigent Bernard Haitink ist tot. Der Spiegel, 22. Oktober 2021
  2. "Dirigent Bernard Haitink ist tot." wort.lu, 22.10.2021.