De Bernard Felten, gebuer de 17. Juni 1965 zu Colmar ass e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser am Kolléisch a fréiere Liichtathleet[1]. Hien ass bestuet a Papp vun zwou Duechteren.

Bernard Felten
(2019)
Gebuer 17. Juni 1965
Colmar
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportler, Professer
Kompetitiounsklass Wäitsprong

Biographie änneren

No senger Première 1984 am Lycée Michel Rodange huet hie bis 1989 zu Paräis op der Universitéit Pierre et Marie Curie Mathematik studéiert. Gläichzäiteg huet hien zu Paräis am INSEP, dem Institut national du sport, de l'expertise et de la performance speziell Stafhéichsprong a Wäitsprong trainéiert. Momentan ass de Bernard Felten Mathesprofesser am Kolléisch.

Zanter 2007 ass hien an de Mathematik-Olympiaden engagéiert:

Säi Palmeres als Liichtathleet änneren

Vun 1985-1999 huet hie mat Ausnam vun 1989 un de Spiller vun de klenge Länner deel geholl.

1985 hat hien de Landesrekord am Dräisprong mat 14,93 m, dee vum Guy Kemp duerno gebrach gouf. De Guy Kemp huet den 21. Juli 1990 zu Dikrech en neie Landesrekord mat 15,38 m opgestallt[2].

Am Wäitsprong huet de Bernard Felten 1989 de Landesrekord mat 7,48 m opgestallt an 1998 mat 7,57 m verbessert. Dee gouf vum François Grailet de 24. Juni 2017 zu Marsa op Malta mat 7,58 m gebrach.

Am Stafhéichsprong hat de Bernard Felten 1995 de Landesrekord mat 5,12 m opgestallt. Zu Vittel an der Hal ass hien 1994 als éischte Lëtzebuerger iwwer 5 m gesprongen. Dëse Rekord gouf vum Fabian Mores e puermol gebrach. De Fabian Mores hält den aktuelle Landesrekord mat 5,40 m, deen hien de 15. Mee 2005 zu Innsbruck opgestallt huet.

1996 huet de Bernard Felten zu Ludwigshafen de Landesrekord am Heptathlon, dem Siwekampf an der Hal mat 5382 Punkten[3],[4] opgestallt, deen hien nach ëmmer hält.


Referenzen änneren

  1. De sportleche Profil vum Bernard Felten op iaaf.org
  2. Landesrekorder op fla.lu
  3. 5382 Punkte bedeiten an de 7 Disziplinnen: 7.17 (60 m), 7.01 m (Wäitsprong), 10.78 m (Kugelstoussen), 1.88 m (Héichsprong), 8.37 (60 m Hürden), 5.00 m (Stabhéichsprong), 2.55.11 (1000 m)
  4. Landesrekorder an der Hal op fla.lu