Benotzer Diskussioun:Pecalux/2009

Letzter Kommentar: viru(n) 14 Joer von Les Meloures

Archiv 2009 änneren

Obschonn ech kee Frënd vu laangen Diskussioune sinn, wëll ech heizou meng Meenung äusseren.
Datt Chantiere keng Iwwerhand huelen duerfen ass absolut ze vertrieden. Anersäits ass et awer och absolut néideg de gesonde Mënscheverstand wierken ze loossen. Wann ech een Artikel mat Gehalt schreiwe, wou ech Recherche maache, mat mam Thema ageweite Leit schwätze, Fotoe mat engem Wikikolleg maache ginn, misst et jo klor sinn datt dat méi Zäit brauch, wéi wann ech 3 bis 5 Zeile schreiwen (wéi dat leider ze heefeg an der lëtzebuerger Wiki ass). An dësem prezise Fall misst e jo gesinn datt reegelméisseg um Artikel geschriwwe ginn ass. Genau op dem drëtten Dag ouni Mise à Jour, gëtt da vun Inaktivitéit geschwat an de Chantier opgehuewen. Fir mech a warscheinlech aner nei Mataarbechter, am selwechte Fall, ass dat e Virworf (jo, ech huelen dat pérséinlech als e Virworf), demotivant fir nach méi aktiv hei ze ginn.


Ech wëll vun dëser Geleeënheet profitéiere fir nach eng Bemierkung ze maachen iwwer ëppes wat mech vu mengem éischte Kontakt mat der lëtzebuerger Wiki gestéiert huet. (Ech si vläicht am Onrecht, ech loosse mech och gäre beléieren.) Et sinn dat déi onmasseg ugefaange Säiten, déi ënner der Kategorie "Skizz" figuréieren. Aner Bekannten, deenen ech d'Wiki un d'Häerz leeë fir verschidde Saachen nozesichen, maache mir dann déi selwecht Bemierkung. Si soen deenen allermeeschten Artikele feelt et u Gehalt. Orthografesch Verbesserunge maachen ass sécher gutt, méi oder wéineger gehaltvoll Artikelen oder zousätzlech Informatiounen zu "Skizzen" ze schreiwen ass nach besser. Wat ech hanner enger Encyclopedie wéi der Wiki gesinn ass, datt si fir intresséiert Visiteure vu baussen ass a net fir d'Mataarbechter aleng. E Merci fir gutt Artikele a Fotoen wier och geleeëntlech motivant. (Hei muss ech gestoen datt ech et och nach ni gemaach hunn. Wäert datt awer änneren) Also et kann nëmme besser goen, wann de gesonde Mënscheverstand an d'Motivéieren d'Iwwerhand iwwer d'Schoulmeeschterei hei huelen. D'Meenung vun de Visiteure mécht den Erfolleg oder den Echec vun eiser Aarbecht aus. --mulles 09:35, 24. Jun. 2009 (UTC)

Moien,

Kuck der emol w.e.g. dës Diskussioun un. Du weess do vläicht eppes méi. Les Meloures 13:04, 1. Aug. 2009 (UTC)Äntweren

Zurück zur Benutzerseite von „Pecalux/2009“.