Moien ILHYFWU966,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Du schreifs am Artikel vun den USA:

No der Wal vum 3. November 2020 gouf den eemolege Vizepresident Joe Biden zum President gewielt.

Souwäit wéi bekannt ass war en dach zweemol Vizepresident. Oder wat wëlls de ausdrécken? --Puscas (Diskussioun) 14:34, 4. Dez. 2020 (UTC)Äntweren


Moien,
Wat huet do mam Gouverneur net geklappt an der Infobox? --2A02:A03F:A199:6C00:19AA:9E5E:39A8:1F5B 17:33, 19. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Ech hat gemierkt datt zanter der Ännerung am Mee 2021 sech de Parameter vum Gouverneur zimmlech schlecht ännere léisst. Entweder ass d'Ännerung guer net ugewise ginn oder (wéi beim Bundesstaat Connecticut) stoung do einfach eng eidel Fënster. Bei der Ännerung vun der Infobox vun engem Staat gouf och de Parameter als "Net dokumentéierte Parameter" bezeechent. Ech hu mol d'Schabloun zeréckgesat ob déi Versioun vu virun 2021 an et schéngt rëm ze klappen, mee ass och lo näischt Definitives. ILHYFWU966 (Diskussioun) 18:33, 19. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Dann hal mol wgl. op dermat fir alles manuel z'ännernen. An der Schabloun war sou wäit wéi ech gesinn kee Feeler. Wa Saachen net richteg gewise goufen da läit de Feeler anzwousch anescht. Da soll dat behuewe ginn an net d'Schabloun nees op manuell ëmmgebaut ginn. --2A02:A03F:A199:6C00:A9E7:2F12:61E6:DD8D 18:47, 19. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Jo, sorry, wann dat dann och net automatesch behuewe gëtt? Hunn extra bis no de leschten amerikanesche Wale gewaart op do eppes aktualiséiert gëtt, mee do ass och näischt geschitt. Viru bal zwee Joer stoung do souguer nach een Typ dee säit 2007 net méi am Amt war als Gouverneur do. An op der Schabloun hunn ech praktesch nëmmen eng 2 Joer al manuell Ännerung zeréckgesat déi als "Test" beschriwwe gouf. Wann also meng Ännerung do net gutt ass, da kanns du di gären zerécksetzen, war jo och nëmmen en Test. ILHYFWU966 (Diskussioun) 19:03, 19. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Ech setze mol zréck soss gesinn ech net wat net geklappt huet. Da kucken ech wat eventuell muss geännert ginn. --2A02:A03F:A199:6C00:A9E7:2F12:61E6:DD8D 19:06, 19. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Kuck dann eng Kéier w.e.g. bei Rhode Island no, do misst esou eng eidel Fënster sinn (an net Connecticut). ILHYFWU966 (Diskussioun) 19:11, 19. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Ass lo och bei Rhode Island lo an der Rei. Sou Zeile bleiwen eidel wann d'Nimm op Wikidata keng lb: Etikett hunn. --2A02:A03F:A199:6C00:A9E7:2F12:61E6:DD8D 19:22, 19. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Ah ok, dat wier da warscheinlech de Grond, merci. Ginn di aner Staaten dann och lo automatesch aktualiséiert? Et sinn der nach e puer entweder eidel oder mam falsche Gouverneur. ILHYFWU966 (Diskussioun) 19:26, 19. Jan. 2023 (UTC)Äntweren
Ech kucken déi mol mar no. --2A02:A03F:A199:6C00:A9E7:2F12:61E6:DD8D 19:50, 19. Jan. 2023 (UTC)Äntweren