Moien Eschette,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Fir Biller kënnen eropzeluede muss ee 4 Deeg als Benotzer ugemellt sinn (kuck dëst)

mat beschte Gréiss --Robby 17:28, 24. Jan. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,

Ech hu mol bei Canberra déi australesch Këscht fir Stied agebastelt.

Am Laf vum Dag kniwwelen ech nach eng fir déi aner Stied an Ozeanien, a setzen déi dann och an d'Artikelen, sou datt dat ebësselche méi eenheetlech gëtt.

Les Meloures 13:26, 24. Jan. 2010 (UTC)Äntweren


Remoien,

Et wier och flott wann Dir Iech emol géift déi Verbesserungen ukucken, déi an der Schreifweis gemaach goufen. Dat hëlleft vläicht e bësselche fir déi graffste Feeler net ëmmer erëm ze maachen. Ganz gutt geet dat, wann een uewen op de Reider Versiounen klickt, a sech dann eng al Versioun vu virun der Verbesserung eraussicht. Duerno bei Méi rezent Ännerung op Ënnersched klicken.

Les Meloures 17:48, 24. Jan. 2010 (UTC)Äntweren


D'Solomon islands hu fléie geléiert Les Meloures 19:08, 24. Jan. 2010 (UTC)Äntweren


Moien,


Fir Länner hu mer eng Këscht als Modell, fir datt se all sollen eenheetlech op der Lb:Wiki ausgesinn. Schabloun:Infobox Land

An Schabloun kritt en de Knäipziedel ugewisen.

Les Meloures 00:43, 31. Jan. 2010 (UTC)Äntweren