Christian Lëtzebuerg
|
Schabloun:Infobox Flughafen änneren
Kann ech man, mee da misst ech als éischt wësse wat fir Donnéeën s de gär dran häss. Ech giff emol soen: - Numm vum Fluchhafen - Koart - GPS-Koordinaten - Héicht iwwer dem Mieresspigel - IATA-Code - ICAO-Code - Bedreiwergesellschaft - Infoen iwwer Start- und Landebunnen
Soll soss nach eppes drakommen (Logo, Typ, Localisatiounsinfo, Hub, Passagéierzuelen, Cargotonnen, Maximalkapazitéit, Zuel vu Flich, Zuel Terminalen, Zuel Employéen, Fläch, Zäitzon, Datum wou en opgoung, Zäite wou en op ass, Verkéiersverbindungen, Bild aus der Vulleperspektiv,...)? )?
--Otets ♣ 13:37, 8. Okt. 2012 (UTC)
Ech hunn elo emol eppes gezwafft, et funktionéiert awer nach net richteg (Schabloun:Infobox Fluchhafen). --Otets ♣ 15:55, 16. Okt. 2012 (UTC)
Ech kennen dee Problem mat der Schabloun, et war e Programméierfeeler sinn, ech hunn en elo endlech fonnt a gefléckt. --Otets ♣ 18:12, 22. Okt. 2012 (UTC)
SVG-Dateie fonktionéiere mat der Schabloun. Op "Schabloun:Infobox Fluchhafen" gesäit ee jo grad d'Beispill vum Fluchhafe Moskau-Scheremetjewo, deem säi Logo jo och eng SVG-Datei ass. Ech huelen éischter un, datt de Problem dohier kënnt, datt Commons keng Logoen erlaabt an dofir esou Dateien och net automatesch all Wiki zur Verfügung stinn. Wann s de dech un engem auslänneschen Artikel orientéiers muss de also och ëmmer de Logo dee si do gebrauchen extra vun hinne kopéieren an op eis Wiki eroplueden. --Otets ♣ 12:17, 31. Okt. 2012 (UTC)
Natierlech, wat aner Wikien däerfen, dat däerfe mär och. Natierlech solls de e Link op déi aner Wiki setzen an och e Link op d'Originalsource, an d'Lizenz {{Bild-Logo}} muss och derbäikommen. Ma da geet dat ouni Problemer, well et geschitt am enke Kontext vun der Illustratioun vun engem Artikel fir deen de Logo wichteg ass. A mer beruffen eis zur Sécherheet nach op Fair Use, mee et ging esouguer dersonnert goen, déi streng de-wiki z.B. beschränkt sech einfach drop op den enzyklopädeschen Zweck hinzeweisen. Also, soulaang all déi Infoen derbäistoe kommen an de Logo just an engem Fluchhafenartikel opdaucht ass alles am gringe Beräich. --Otets ♣ 12:48, 2. Nov. 2012 (UTC)
Mär hu Koarte vu China, Däitschland, Frankräich, Italien, Éisträich, Kroatien, Lëtzebuerg, Russland, an zënter haut dann och vun Nepal. Dat misste genuch Fluchhäfe gi fir eng éischt Rëtsch Artikelen ;-)) --Otets ♣ 14:05, 16. Nov. 2012 (UTC)
Merci!!!!!!!!!!!!!