Benotzer:Zinneke/Test:Relevanzcritèren
Dës Lëscht soll natierlech net der Weisheit letzter Schluss sinn; Diskussiounen a Grenz- an Eenzelfäll sollen ëmmer méiglech bleiwen, mee op d'mannst soll se eng koherent Approche erméiglechen a verhënneren, datt een all Kéiers vu virun e Sujet duerchknae muss.
Virausgeschéckt sief, datt mer hei méi large sinn wéi z.B. der däitscher Wiki. Mee bis wuer solle mer d'Lat méi déif leeën? Heidrënner emol e Versuch, bestëmmte Kategorien opzezielen. Déi net kursiv solle menger Meenung no dra sinn, déi kursiv kënne jo direkt drënner ogestëmmt ginn.
Politiker
- Minister, Staatschef
- Deputéiert am nationalen oder am Europaparlament
- Buergermeeschter (Lëtzebuerg)
- Schäffen
- Gemengerot (Lëtzebuerg)
- Parteipresident oder -generalsekretär (Lëtzebuerg)
- Generalsekretär/President vun enger Gewerkschaft
- President vun enger Jugendorganisatioun vun enger Partei oder enger Gewerkschaft
Verwaltung
- Héije Beamten (Generaldirekter; Kabinettschef) an enger (para)staatlecher Administratioun
- weess een déi gängeg Nimm fir der Ranking?
Auteuren
- Bei Sachthemen: eng signifikant Zuel (op d'mannst 5) vun Artikelen a Fachpublikatiounen
- Bei Belletristik: e puer eegestänneg Publikatiouen (z.B. op d'mannst 3)
- op d'mannst eng eegestänneg Publikatioun (d.h. e Buch, dat an engem Verlag erauskomm ass)
Museker, Bands, ...
- op d'mannst eng CD (oder méi?) déi ënnert deem Numm erauskomm ass
- a relevanten Charts (watfir?) ënnert den Top nn?
- Optrëtter op signifikanten (wat fir) Festivallen
- Member vun enger Band, déi déi Critèren erfëllt
- Komponist vu Stécker, deen déi Critèren erfëllt
Moler, Sculpteuren, ...
- Eng signifikant Zule (wéivill) vun Ausstellungen (eegen, mat aneren?)
- A Publikationen ernimmt (wat fir der?)
Schauspiller, Regisseuren
- eng Haaptroll oder eng wichteg Roll an engem lëtzebuergesche Film gespillt hunn
- Regisseur vun op d'mannst engem lëtzebubuergesche moyen- oder long métrage-Film