Benny Quick ass de Kënschtlernumm vum Rolf Müller, gebuer den 31. Dezember 1943 zu Essen a gestuerwen den 22. Dezember 1999 zu Frankfurt am Main. Hie war en Duisburger Popsänger.

Benny Quick
Gebuer 31. Dezember 1943
Essen
Gestuerwen 22. Dezember 1999
Frankfurt am Main
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger
D'Singel mat "Motorbiene"

De Benny Quick hat seng éischt Optrëtter am Tante Olga-Danzschapp zu Duisburg. Säin absolut gréisste Succès war 1962 den Titel Motorbiene, eng däitsch Coverversioun vu Motorcycle vu Laudis-Helmer op enger Single vun der däitscher Columbia.
Eng zweet däitsch Versioun gouf et vum Rudolf Rock und die Schocker.

Dem Benny Quick seng Begleetband waren The Twens, an där zäitweileg den Organist Friedl Kuhnke gespillt huet.

Seng gréisst Optrëtter waren am Star-Club zu Hamburg op der Große Freiheit 39.

Fir ze lauschteren änneren

Dem Benny Quick seng 28 Lidder si bei Bear Family Records op enger CD Motorbiene ze kréien, mat ë,a.

  • Motorbiene
  • Twist um Mitternacht mit Susi