Benny Brown (Radiosspeaker)

amerikanesche Radiospeaker
(Virugeleet vu(n) Benny Brown (Radiospeaker))

De Benny Brown, gebuer zu San Francisco, ass en US-amerikanesche Radiosspeaker, deen zu Lëtzebuerg baséiert ass.[1][2]

Benny Brown
Gebuer San Francisco
Nationalitéit USA
Aktivitéit Radiosspeaker

Liewen a Karriär änneren

De Benny Brown war als Zaldot am Vietnamkrich an ass 1979 an Europa komm.[3] Do hat hien eng Moiessendung um Zaldoteradiossender American Forces Network (AFN) zu Frankfurt, éier en op Lëtzebuerg koum.[1]

Hie gouf vum Alan Keen a vum Tony Prince bei Radio Luxembourg bruecht, fir do den Tony Prince z'ersetzen, dee bei d'BBC gewiesselt ass. Bei Radio Luxembourg huet de Benny Brown bis Mëtt 1985 verschidde Sendunge moderéiert, éier en aus Enttäuschung iwwer de Management opgehalen huet.[2]

An där Zäit gouf hien zweemol vum Billboard Magazine zur Internationaler Radiosperséinlechkeet vum Joer ("International Radio Personality of the Year") gewielt.[2]

Duerno huet hie bei weidere Radiossenderen am Ausland geschafft.[2]

2005 huet hie bei RTL Radio Lëtzebuerg ugefaangen, wou hie vu méindes bis freides seng eegen Owesshow op Englesch moderéiert huet. Seng Show mat amerikanescher Musek, enger Mëschung aus Rock, Blues, Country a Popmusek, ass bis Juli 2015 gelaf.[1]

Kuerz drop, am September 2015, huet hie beim Radio 100,7 ugefaange wou hien zënterhier ënnert der Woch The Benny Brown Show moderéiert, eng Owessendung fir d'engleschsproocheg Communautéit zu Lëtzebuerg, mat Neiegkeeten a Musek.[3][4]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 wort.lu: Benny Brown gibt nicht auf vum (10. September 2015)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 rtlgroup.com: Comes A Time: Benny Brown's last show on RTL Radio Lëtzebuerg (17. Juli 2015)
  3. 3,0 3,1 lequotidien.lu: Benny Brown, la voix américaine de la 100.7 vum Hubert Gamelon (2. September 2018)
  4. luxtimes.lu: Charismatic DJ starts new English language radio show (10. September 2015)