Benelux-Mathematik-Olympiad
D'Benelux-Mathematik-Olympiad (ofgekierzt BxMO) ass eng interregional Kompetitioun, déi sech un déi bescht Mathematik-Schüler aus dem Enseignement secondaire vun den dräi Benelux-Länner riicht.
Geschicht
ännerenD'Benelux-Mathematik-Olympiad war fir d'éischt vum 8. bis den 10. Mee 2009 an Holland, zu Bergen op Zoom. Haaptinitiateur war de lëtzebuergesche Mathematiks-Professer Charles Leytem aus dem Lycée classique de Diekirch.
D'Kompetitioun huet d'Zil, iwwer den Niveau vun der Olympiade mathématique belge erauszegoen an d'Schüler op eng eventuell Participatioun bei der Internationaler Mathematik-Olympiad virzebereeden.
An de Joren 2011, 2015 an 2018 gouf d'Kompetitioun vum Charles Leytem an dem Pascal Zeihen am Lycée classique de Diekirch zu Miersch organiséiert.
Oflaf
ännerenJiddwer Benelux-Land kann eng Ekipp vu maximal 10 Schüler an d'Kompetitioun schécken. D'Epreuve besteet dran, bannent 4,5 Stonne véier schwéier Mathematiksproblemer, dorënner dräi Problemer vun IMO-Niveau ze léisen. Pro Léisung kann ee bis zu 7 Punkte kréien; den Total läit also tëscht 0 an 28 Punkten.
Déi bescht Schüler kréie Gold-, Sëlwer- oder Bronze-Medailen iwwerreecht, wéi op der Internationaler Mathematik-Olympiad.
Resultater
ännerenLëscht vun alle BxMO-Kompetitiounen, déi bis elo waren, a vun alle Lëtzebuerger, déi eng Medail kruten:
Datum | Plaz | Gold | Sëlwer | Bronze |
---|---|---|---|---|
8.-10. Mee 2009 | Bergen op Zoom | Pierre Haas Jingran Lin Marc Sinner | ||
23.-25. Abrëll 2010 | Amsterdam | Grégoire Genest Philippe Schram |
Steve Muller | |
6.-8. Mee 2011 | Miersch, am LCD | Grégoire Genest Jérôme Urhausen |
||
20.-22. Abrëll 2012 | Wépion | Patrick Meurin | ||
26.-28. Abrëll 2013 | Dordrecht | Christina Meyer | ||
2.-4. Mee 2014 | Bruges | Gilles Englebert | Christina Meyer Charel Thull | |
8.-10. Mee 2015 | Miersch, am LCD | Gilles Englebert | ||
29. Abrëll - 1. Mee 2016 | Soest | |||
5.-7. Mee 2017 | Wépion | Martin Rakovsky | ||
27.-29. Abrëll 2018 | Miersch, am LCD | |||
26.-28. Abrëll 2019 | Valkenswaard | Angelina Kysil | ||
2020 an 2021 goufe wéinst der COVID-19-Pandemie just virtuell Kompetitiounen am Mee ofgehalen. D'Schüler waren invitéiert, déi proposéiert Problemer bei sech doheem ze léisen. | ||||
29. Abrëll - 1. Mee 2022 | Louvain | Victor Guilbert | ||
5.-7. Mee 2023 | Esch, am LGE | |||
26.-28. Abrëll 2024 | Valkenswaard |