Ben Turpin

amerikanesche Komiker (1869-1940)

Der Bernard "Ben" Turpin, gebuer den 19. September 1869 zu New Orleans, Louisiana a gestuerwen den 1. Juli 1940 zu Santa Monica, Kalifornien, war en US-amerikanesche Komiker, dee virun allem an der Stommfilmzäit aktiv war. Hie war bekannt duerch säi markant Gesiicht: Aen, déi balucken, an de buuschtege Schnurres. Hien huet an iwwer 200 Filmet matgespillt, dorënner a ville Mack Sennett Comedies, meeschtens Niwerollen, an hat als Partner bekannt Stare wéi den Charlie Chaplin oder den Décken an den Dënnen.

Ben Turpin
Gebuertsnumm Bernard Turpin
Gebuer 19. September 1869
New Orleans
Gestuerwen 1. Juli 1940
Santa Monica
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmschauspiller, Komiker

Filmographie änneren

Essanay-Kuerzfilmer (Auswiel) änneren

  • 1909: Mr. Flip
  • 1915: His New Job
  • 1915: A Night Out
  • 1915: The Champion
  • 1916: Charlie Chaplin's Burlesque on Carmen

Mc-Sennett-Filmer (Auswiel) änneren

  • 1917: A Clever Dummy
  • 1917: Are Waitresses Safe?
  • 1919: Yankee Doodle in Berlin (Laangfilm)
  • 1920: Down on the Farm (Laangfilm)
  • 1921: A Small Town Idol (Laangfilm)
  • 1922: Bright Eyes
  • 1923: The Shriek of Araby (Laangfilm)
  • 1923: The Daredevil
  • 1924: Ten Dollars or Ten Days
  • 1924: Yukon Jake
  • 1926: A Prodigal Bridegroom
  • 1926: A Harem Knight
  • 1927: The Pride of Pikeville

Weiss-Kuerzfilmer (Auswiel) änneren

  • 1928: The Eyes Have It
  • 1928: The Cockeyed Family
  • 1929: The Cock-Eyed Hero

Kleng- a Gaaschtrollen (Auswiel) änneren

  • 1929: Love Parade
  • 1929: The Show of Shows
  • 1931: Cracked Nuts
  • 1931: Our Wife (Laurel & Hardy)
  • 1932: Make Me a Star
  • 1932: Million Dollar Legs
  • 1935: Keystone Hotel
  • 1939: Hollywood Cavalcade
  • 1940: Saps At Sea (Laurel & Hardy)

Um Spaweck änneren

Commons: Ben Turpin – Biller, Videoen oder Audiodateien