Ben Schultheis

lëtzebuergesche Mykolog


De Ben Schultheis, gebuer den 10. Dezember 1941 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Mykolog.

Ben Schultheis
Gebuer 10. Dezember 1941
Lëtzebuerg
Aktivitéit Mykolog
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

De Ben Schultheis, dee vun 1959 bis 1993 bei Arbed-Diddeleng geschafft huet, ass zënter 1984 en aktive Member vum Groupe de recherche mycologique[1] vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL). Hien ass e wëssenschaftleche Mataarbechter vum naturhistoresche Musée zënter 1986. A vun 1982 bis 1993 war hien en aktive Member a Kommiteesmember vun der Diddelenger Sektioun vum « Natur- a Vulleschutz ».

Seng mykologesch Recherche konzentréiert sech op d'Grupp vun den Aphyllophorales, an do besonnesch op d'Kartographie vun de lëtzebuergeschen Aarte vun de Cantharellaceae, Corticiaceae, Gasteromycetes, Heterobasidiomycetes, Polyporaceae, Thelephoraceae an Tuberales.

De franséische Mykolog Bernard Duhem (Muséum national d'histoire naturelle de Paris) huet dem Ben Schultheis eng nei Pilzaart dediéiert, déi hien Sistotrema schultheisii (Hydnaceae) gedeeft huet.[2]

Publikatiounen änneren

  • Schultheis, B., 1990. Neue Arten der Nichtblätterpilze (Aphyllophorales) und Gallertpilze (Heterobasidiomycetes) für Luxemburg. I. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 90, S. 107-130.
  • Trichies, G. & B. Schultheis, 2002. Trechispora antipus sp. nov., une seconde espèce bisporique du genre Trechispora (Basidiomycota, Stereales). Mycotaxon 82, S. 453–458.
  • Diederich, P., B. Schultheis & M. Blackwell, 2003. Marchandiobasidium aurantiacum gen. sp. nov., the teleomorph of Marchandiomyces aurantiacus (Basidiomycota, Ceratobasidiales). Mycological Research 107 (5), S. 523-527.
  • Thoen, D. & B. Schultheis, 2003. Checklist provisoire des champignons hypogés du Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 103, S. 31-44.
  • Schultheis, B. & M.T. Tholl, 2004. Polyporus corylinus Mauri, taxon méridional découvert au Luxembourg en 1998 (Basidiomycetes, Fungi). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 105, S. 3–7.
  • Thoen, D. & B. Schultheis, 2005. Battarrina inclusa, une très rare Hypocréale commensale ou parasite de Tuber puberulum, découverte au Grand-Duché de Luxembourg. Systematics and Geography of Plants 75, S. 25-34.
  • Duhem, B., G. Trichies & B. Schultheis, 2010. Sistotrema henri-michel, sp. nov. Bulletin de la Société mycologique de France 126 (1), S. 1–10.
  • Duhem, B. & B. Schultheis, 2011. Bourdotiella complicata gen. et sp. nov. de France. Cryptogamie, Mycologie 32 (4), S. 391-401.
  • Duhem, B. & B. Schultheis, 2011. Amyloxenasma elongatisporum sp. nov. Bulletin de la Société mycologique de France 127 (1-2), S. 107–115.
  • Schultheis, B. & J. Engels, 2011. Die Nichtblätterpilze des Naturwaldreservates « Ënneschte Bësch » (2010). In: Naturwaldreservate in Luxemburg, Bd. 8. Zoologische und botanische Untersuchungen « Ënneschte Bësch », 2007-2010 (D. Murat, Schriftl.). Naturverwaltung Luxemburg, S. 188-203.
  • Schultheis, B., M. Garnier-Delcourt & J. Engels, 2012. Die Nichtblätterpilze und Blätterpilze des Naturwaldreservates « Beetebuerger Bësch » (2005-2008). In: Naturwaldreservate in Luxemburg, Bd. 9. Zoologische und botanische Untersuchungen « Beetebuerger Bësch », 2005-2011 (D. Murat, Schriftl.). Naturverwaltung Luxemburg, S. 184-210.
  • Duhem, B. & B. Schultheis, 2012. Sistotrema tholliae sp. nov. Bulletin de la Société mycologique de France 127 (3-4) (2011), S. 201-211.
  • Garnier-Delcourt, M., C. Reckinger, B. Schultheis, M.T. Tholl & J. Thorn, 2012. Notes mycologiques luxembourgeoises VI. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 113, S. 117-135.
  • Pirlot, J.M., N. Elvinger, B. Schultheis, J. Thorn & G. Marson, 2012. Polyporus corylinus Mauri. Description et analyse phylogénétique d'une espèce trouvée au grand-duché de Luxembourg. Bulletin de la Société mycologique de France 128 (1-2), S. 1-16.
  • Garnier-Delcourt, M., G. Marson, C. Reckinger, B. Schultheis, M.T. Tholl, 2013. Notes mycologiques luxembourgeoises VII. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 114, S. 35-54.
  • Schultheis, B. & J. Thorn, 2014. Ein Heißsporer unter den Pilzen: Polyporus corylinus Mauri. Der Tintling 19 (2), S. 5-10.
  • Garnier-Delcourt, M., C. Reckinger, B. Schultheis, M.T. Tholl & J. Thorn, 2014. Notes mycologiques luxembourgeoises. VIII. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 115, S. 125-140.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Massard 2015, S. 191.
  2. Massard & Geimer 2015, S. 495. — Duhem, B., 2011. Sistotrema schultheisii sp. nov., Bulletin de la Société mycologique de France 126 (2) (2010), S. 111-118.

Um Spaweck änneren