Belscht Institut fir Weltraum-Aeronomie

Dat Belscht Institut fir Weltraum-Aeronomie, kuerz BIRA-IASB genannt (fir den hollänneschen Numm Belgisch Instituut voor Ruimte-Aëronomie[1] an de franséischen Numm Institut d'Aéronomie Spatiale de Belgique[2]), ass eng belsch Fuerschungsariichtung am Fachberäich Héichatmosphär (Aeronomie) mat Sëtz an der Gemeng Uccle/Ukkel am Süde vu Bréissel.[3]

Den Institut gouf am Joer 1964 gegrënnt. Seng Haaptmissioun ass d'Erfuersche vun der ierdescher Héichatmosphär a vum noe Weltraum. Fir deen Zweck schafft et och am Verbond mat der europäescher Weltraumagentur (ESA) zesummen.[4]

Um Spaweck änneren

  • aeronomie.be (hollännesch, franséisch, englesch) – offiziell Websäit

Referenzen änneren

  1. BIRA (hollännesch) – Säit beim Belgischen Institut für Weltraum-Aeronomie; Stand: 13. August 2012
  2. L'IASB (franséisch) – Säit beim Belgischen Institut für Weltraum-Aeronomie; Stand: 13. August 2012
  3. BIRA-IASB (englesch) – Säit beim Belgischen Institut für Weltraum-Aeronomie; Stand: 13. August 2012
  4. Instrumente für Marsmission ausgewählt – Pressemeldung bei der ESA, vum 2. August 2010