Senat (Belsch)

(Virugeleet vu(n) Belsche Senat)

De Senat (Hollännesch: Senaat, Franséisch: Sénat, Däitsch: Senat) ass mat der Chamber eng vun zwou Kummere vum Federale Parlament vun der Belsch. En ass 1831 gegrënnt ginn an hat deemools de selwechte Pouvoir wéi d'Chamber. Zënterhier ass en awer e puermol reforméiert ginn, notamment 1993 an 2014.

Vue an de Senat

Zënter 2014 ginn d'Senateuren net méi direkt vum Vollek gewielt, mä vun de Communautéiten an de regionale Parlamenter designéiert (50 Senateuren). Zousätzlech gëtt et 10 cooptéiert Senateuren.

Haut spillt de Senat just nach eng ënnergeuerdnet Roll am legislative Prozess.

Um Spaweck änneren

Commons: Senat (Belsch) – Biller, Videoen oder Audiodateien